Drucken
Zugriffe: 1721
Stern inaktivStern inaktivStern inaktivStern inaktivStern inaktiv
 
 safaripark-stukenbrock - safari  Safaripark an awer och Fräizäitpark!
Wou?

Hei fannt der de Wee

Altersgrupp:  fir d'ganz Famill
Distanzen:

Ettelbréck: 364 km
Miersch: 373 km
Lëtzebuerg: 366 km
Esch-Uelzecht: 418 km

 Homepage: safaripark-stukenbrock
 

Wildlife ganz no … den e bëssen aneren Zoo.

Hei liewen Déieren bal wéi an der fräier Wëldbunn, an d'Besicher setzen am "Käfeg". Nee, natierlech net hanner Gitter, mee an hirem eegenen Auto oder am Safaribus geet et duerch d'Räich vun den wäissen Léiwen, dem Tiger-Dschungel an iwwer eng wäitleefeg Stepp. Safari zu Stukenbrock - eent vun den leschten groussen Abenteuer an Däitschland.

Een eemolegt Erliefnis, wann dee groussen wäissen Tiger Barsai gemittlech virun ärem Auto iwwer d'Safaripiste leeft... Kengen Suergen, an ärem Auto sidd der sëcher, wann der zu Stukenbrock op Safari gitt, d'Safari-Strooss net verloossen an am Gehege d'Fënsteren an d'Dieren zouloossen.

De Fräizäitpark

Néierens läit Afrika an de wëllen Westen esou no beieneen - vun do sinn et nëmmen e puer Schrëtt an eng glitzernd Showwelt. Fuerspaass, Show an ganz vill Matmaach-Aktiounen an den Aktiv-Arealer fir déi kleng Besicher. En Dag am Fräizäitpark, den zum Zoo Safaripark gehéiert, vergeet wéi am Fluch.