Kultur a Visiten
Sport a Spill
Natur
Parken Zooen etc
Pairi Daiza
- Details
- Zugriffe: 3053
| |
Pairi Daiza |
| Wou? | De Pairi Daiza befënd sech zu Brugelette, zwëschen Mons an Ath. Adress : Pairi Daiza - Domaine de Cambron zu B-7940 Brugelette GPS :« Le Domaine 1 à 7940 Brugelette » |
| » | fir d'ganz Famill |
| Distanzen: |
Ettelbréck: 218 km |
| Homepage: | pairidaiza.eu |
|
Pairi Daiza, kennt aus dem alen perseschen an heescht "Jardin clos". Dëst ass déi ural Benennung vum "Paradäis". Ass dat net ee schéinen Numm fir déi léif Besicher ze empfänken? Ee Gaart vun 55 Hektar bréngt eis Fantasie an eng al Zisterzienser Abtei, déi virun der Aussewelt vun enger 3 km laanger Mauer geschützt ass. Gitt eran, vergiesst är Suergen an loosst iech paken vun allem wat der do gesitt. Vun der Natur, als alleréischt vun den uralen Beem, deenen schéinen Blummen, den luxuriéisen Planzen vum Enn vun der Welt. Vun den Architekturschätz an dem Handwierk, alles ganz authentesch alles réaliséiert vun Mënschen matt gëllenen Fangeren aus China, Indonesien, Thailand asw.... Loosst iech beréieren vun den 5000 Déieren déi do an Harmonie liewen, am Gaart vun der Welt. |
Zoo Neunkirchen
- Details
- Zugriffe: 1992
| |
Neunkircher Zoo |
| Wou? |
Hei ass d'Weebeschreiwung |
| Altersgrupp: | fir d'ganz Famill |
| Distanzen: |
Ettelbréck: 149 km |
| Homepage: | zoo.neunkirchen |
Zoo Saarbrücken
- Details
- Zugriffe: 1723
![]() |
Zoo Saarbrücken |
| Wou? |
Graf-Stauffenberg-Straße |
| Altersgrupp: | fir d'ganz Famill |
| Distanzen: |
Ettelbréck: 138 km |
| Homepage: | zoo.saarbruecken |
| Artenvielfalt zu Saarbrécken Am Saarbrécker Zoo liewen méi ewéi 1000 Déieren an 150 verschidden Aarten. Matt sengem imposanten Bambestand an zuelräisch Neierungen vun verschiddenen Anlagen wéi bei den Séihënn, Pinguinen an Gorillaen zielt den Zoo zu den beléifsten Fräizäitarriechtungen vum Saarland. Doriwwer eraus versteet en sech als wichtegen Partner am Aarten- an Naturschutz. |
Zoo Safaripark Stukenbrock - Safari
- Details
- Zugriffe: 1718
![]() |
Safaripark an awer och Fräizäitpark! |
| Wou? |
Hei fannt der de Wee |
| Altersgrupp: | fir d'ganz Famill |
| Distanzen: |
Ettelbréck: 364 km |
| Homepage: | safaripark-stukenbrock |
|
Wildlife ganz no … den e bëssen aneren Zoo. Hei liewen Déieren bal wéi an der fräier Wëldbunn, an d'Besicher setzen am "Käfeg". Nee, natierlech net hanner Gitter, mee an hirem eegenen Auto oder am Safaribus geet et duerch d'Räich vun den wäissen Léiwen, dem Tiger-Dschungel an iwwer eng wäitleefeg Stepp. Safari zu Stukenbrock - eent vun den leschten groussen Abenteuer an Däitschland. Een eemolegt Erliefnis, wann dee groussen wäissen Tiger Barsai gemittlech virun ärem Auto iwwer d'Safaripiste leeft... Kengen Suergen, an ärem Auto sidd der sëcher, wann der zu Stukenbrock op Safari gitt, d'Safari-Strooss net verloossen an am Gehege d'Fënsteren an d'Dieren zouloossen. De Fräizäitpark Néierens läit Afrika an de wëllen Westen esou no beieneen - vun do sinn et nëmmen e puer Schrëtt an eng glitzernd Showwelt. Fuerspaass, Show an ganz vill Matmaach-Aktiounen an den Aktiv-Arealer fir déi kleng Besicher. En Dag am Fräizäitpark, den zum Zoo Safaripark gehéiert, vergeet wéi am Fluch. |
Eifelzoo
- Details
- Zugriffe: 1935
| Wou? |
Eifel-Zoo |
| Altersgrupp: | jiddereen |
| Distanzen: |
Ettelbréck: 57 km |
| Homepage: | www.eifel-zoo.de |
|
Matzen am Bësch an an enger Bierglandschaft an der Äifel an mat raren an tropeschen Beem bepflanzt kennt de d´Déieren ganz no erliewen. Eenzegaarteg an faszinant Ubléck: wann d´Léiwen jäizen ass d'Urgefill vun der Wildnis ze spieren. Während enger Fahrt matt der EIFEL-ZOO-Bahn (1,2 km mat Gare) kann een Hirschen fidderen, déi engem aus der Hand friessen. Ee Miniduerf matt iwwer 30 Gebaier weisen eng Äifellandschaft am Klengformat.
|



