![]() |
|
| Wou? |
Zoologischer Garten Köln |
| Altersgrupp: | fir jiddereen |
| Distanzen: |
Ettelbréck: 176 km |
| Homepage: | www.koelnerzoo.de |
![]() |
De Kölner Zoo ass 1860 gegrënnt ginn an et ass een vun den eelsten an beléifsten Zoo'en an Däitschland. Säin haitegt Erschengungsbild ass d#Resultat vun enger laanger Entwécklung. Ronn 10.000 Déieren an 700 verschidden Aarten sinn am zoologeschen Gaart vun der Domstad doheem. Zu den aktuellen Attraktiounen gehéiert den Elefantenpark den 2004 opgemaach huet. D´Gebuert vum 1. Kölner Elefantenbaby Marlar huet am Abrëll 2006 europawäit vill Oppsehen erreecht. Nieft de modernen Déierenanalgen wéi dem Elefantenpark oder dem am Joer 2000 eröffneten Reebeschhaus, déi no den neisten zoologeschen Standarde gebaut sinn, kënnen Besicher vum Kölner Zoo och haut nach historesch Déierenhaiser besichen. Dobäi gehéiert den Afefiels oder d'Elefantenhaus am maureschen Stil. D´Kombinatioun aus alen Gebaier. déi zum Deel nach aus den Grënnungsjoeren no 1860 stamen, an den neien Haiser mécht den besonneschen Charme vun dësem Zoo aus. Net nëmmen dofir huet sech den Zoo an senger 150 järeger Geschicht zu engem beléiften Ausflugsziel fir jonk an al entwéckelt. Nieft den Zoolieblingen wéi d'Elefanten, d'Léiwen an Co kennen d'Besicher eng grouss Unzuel vun seelenen an vun Ausstierwen bedreeten Déierenaarten wéi den Matschi Bamkänguruh oder d'Przewalskipäerd entdecken. Deenen hiren Erhalt an Nozuucht widmet sech de Kölner Zoo ee besonnescht Interessie. Natur- an Aarteschutz ass haut eng zentral Aufgab vum Kölner Zoo. D'Déier gëtt zum Botschafter fir seng an der Natur bedreeten Aart an seng Liewensraim. Duerch d'Verschäerfung vun engem ëffentlechen Ëmweltbewosstsinn an dem direkten Beitrag an Naturschutzprojetén leescht den Zoo ee wichtegen Bäitrag fir een nohaltegen Ëmgang matt der Natur. |
Kultur a Visiten
Sport a Spill
Natur
Parken Zooen etc
Kölner Zoo
- Details
- Zugriffe: 1434




