Kanner Informatiouns Netzwierk

Login Form

Bewertung: 5 / 5

Stern aktivStern aktivStern aktivStern aktivStern aktiv
 

Hei sinn e puer Regelen un déi d´Benotzer vun dësem Site sech ze halen hunn, fir dass en gutt funktionéiert. Ech soen Iech elo schonn Merci fir dat gutt matschaffen. Des Regelen kennen zu jidderzäit geännert ginn oder et kennen neier jee no Situatioun derbäigemaach ginn. Ageschriwwen Benotzer vun dësem Site ginn per E-mail benoriichtege wann Ännerungen do sinn.

Leit déi net matt dësen Regelen averstanen sinn dierfen dat gären mellen an dann gëtt gekuckt op se geännert ginn. 

 

  1. Ech huelen keng Garantie fir d´Richtegkeet vun den Informatiounen déi hei stinn. Dat heescht zum Beispill den Zoo vun hei an do huet zougemaach, an e steet nach hei dann ass dat esou. Dir kennt mech awer dann gären mellen wann Feeler optauchen dass ech dat änneren kann. Fir mech ze kontaktéieren klickt hei.
  2. Ech huelen keng Verantwortung iwwert den Inhalt den aner Benotzer hei posten. All Benotzer ass selwer Verantwortlech iwwert säin Inhalt an ass Gebieden sech un d'Gesetzer ze halen.
  3. Dir sidd gebieden keng xenophob, sexistesch, kannerfeindlech an soss Kommentaren ze hannerloossen déi aner Gruppen vun Leit beleidegen.
  4. Gidd alleguer frëndlech an fäin mateneen ëm an respektéiert jidderengem seng Meenung.
  5. Et sinn nëmmen Sproochen hei zougelooss wou ech verstinn, esou dass ech den Inhalt och kontrolléieren kann. Ech schwätzen Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch. Da dëst d´Sproochen sinn déi bal jiddereen hei versteet sinn och keng aner zougelooss. Ech well net mussen den Dictionnaire benotzen fir den Inhalt ze kontrolléieren. 
  6. Spam ass net erlaabt. Gesitt der iergend een Spam den net heihinner gehéiert dann mellt en wann ech gelift bei mir,  dass ech mech drëm këmmeren kann.
  7. Dësen Site soll och vun Kanner besicht kennen ginn. Dofir passt e bëssen op wat der schreift fir dass en och Kannerfrëndlech bleift.

 

Merci fir ärt Verständnis

 

Nathalie