| |
De Musée vun der ländlecher Kulturgeschicht läit am Nordwesten vun der Rheinland-Pfalz, wéi och am däitsch, lothrengeschen an lëtzebuergeschen Dräilännereck. E bëssen méi genau zu Konz un der Saar an der Musel, ongeféier 8 km vum Tréirer Stadkär.
Am Musée fannt der
- 4000 m2 Ausstellungen an der Vollekskunde, vum Wäibau bis bei den Zänndokter, dëst alles am historeschem Ausstellungsgebai an am Bëschmusée vum Hunsrückweiler,
- een Zënnfiguren- an Spillsaachenmusée
- 22 ha Terrain dobaussen matt engem typeschem Hunsrückduerf, een Muselduerf am Opbau, ee biergerlechen Rousegaart, an e puer ländlech Gäert,
- ee Restaurant matt Béiergaart an enger naturnoer Spillplaz,
- Aktiounsdeeg, Sonderausstellungen, dee legendären Chrëschtmaart op 2 Adventsweekender,
- guidéiert Visitten, Projet'en fir grouss a kleng Museumsbesicher, Kannergebuertsdeeg, asw.
|