Drucken
Zugriffe: 1174

Bewertung: 5 / 5

Stern aktivStern aktivStern aktivStern aktivStern aktiv
 
   
Wou?
Wildparkstraße
54550 Daun
Altersgrupp: fir jiddereen
Distanzen:

Ettelbréck: 94 km
Miersch: 102 km
Lëtzebuerg: 118 km
Esch-Uelzecht: 137 km

 Homepage:  wildpark-daun.de
 P1000163

Wild- & Erlebnispark läit an engem 220 ha groussem Bësch- a Wisenterrain matzen an der Äifel bei der Stad Daun. Net nëmmen wéinst sengen groussen Wëldbestand ass de Wëld- an Erliefnispark Daun berühmt - déi eenzegaarteg Landschaft mat risegen Laub- an Nolebescher, mat Bierger an Däller, Baachen hunn en zu engem Unzéiungspunkt fir Déierenfrenn an Naturfrënn aus dem In- an Ausland gemaach. 

Eng 8 km laang Autowanderstrooss féiert duerch des wonnerschéin Landschaft an der Vulkanäifel. Déi grouss Fläsch erméiglecht den Déieren ee Liewen wéi an der Natur, well déi verschidden Déieren sech fräi op dem Terrain bewegen kënnen an sou och de Kontakt zu de Besicher kennen. 

Bei 6 ausgeschelderten Tribünen op der Autowanderstrooss kann een och aus dem Auto erausklammen an d'Déieren beobachten, knipsen oder och fidderen, Speziellt Fudder wat fir d'Déieren gëeegent ass get et am Park ze kafen. 

P1000165 P1000169 P1000186
P1000198 P1000201 P1000206